Altmeister géint den Opsteiger vun der leschter Saison war Affiche vum leschte Weekend. Eis Damen si gutt am de Match era komm an haten sech ganz séier e confortabele Virsprong erausgespillt. Ween du gemengt hat elo leeft et gouf am 2 Saatz eppes bessere beléiert. Bartreng huet Mamer duerch hire Kampfgeescht un Mauer gespillt. Mat ganz kuerze Servicer hunn se eis d’Liewe schwéier gemaach. Esou dass mer den 2 Saatz däitlech verluer hunn. Den 3 Saatz ass et zwar besser gaangen, mee mir hunn awer 23-25 verluer. Weider am 4 Saatz hu mer dunn endlech do ugeknäppt wou mer am 1 Saatz opgehalen haten. 2-2 stoung et dunn, an et huet missten en 5. Saatz gespillt ginn. Duerch en puer gutt Servicer hate mer séier e puer punkte Virsprong. Bartreng huet awer net opginn a weider gekämpft. De Schlussblock gouf duerch en Superblock vum Martine Weber gesat esou dass mer de Match 3-2 gewonnen hunn.