Neien Sponsor

Mat der Joaillerie Horlogerie Kayser Reinert begréissen mir en neien zousätzlechen Sponsor un eiser Säit. Den VC Mamer seet  Merci fir dat Vertrauen an hofft op eng gutt Zesummenaarbecht. Hieren Logo wäert dir an Zukunft nieft eisen aneren Sponsoren um Bauch vun eisen neien Trikot’en gesinn.

Siicht Dir héichwäerteg Markenaueren, Brautréng oder eng eegen Kreatioun aus hirem Atelier, dann sidd dir bei hinnen  goldrichteg. En sympathescht Team mat enger kompetenter Berodung freet sech op Ären Besuch.

Wëllt Dir méi iwwert dësen Lëtzebuerger Traditiounsbetrieb gewuer gin, dann besicht hier Internet Säit op http://www.kayser.lu oder hier Facebook Säit Kayser Reinert