Um 4. Spilldag vun der Novotel Ligue sinn eis Dames 1 um Holleschbierg beim VC Fentange ugetrouden. Eis Dammen hunn do näicht ubrennen geloss, an kommen mat engem 0-3 (-11,-10,-10) am Gepäck erem heem.
Eis Dames 2 war en schwéieren Wee op Esch ugetrueden. Schnell lungen sie 2-0 an den Sätz hannen, fir duerno mat enger geschlossener Teamleeschtung den Tie break ze erzwengen. Leider hunn se deen entscheedenden 5 Saatz verluer.
Fir eis Cadettes war et den 2 Match am Championnat. Ent. VCBIS / VCL war leider méi staark ewéi mir esou dass mer den Match 3-0 verluer hunn.
Fir eis klengsten am Club (Minimes) war et dann daat 1 Turnéier no baal 2 Joer Paus. Mat hierer neier Trainerein Arnela hunn sie sech formidabel aus der Affair gezunn. 4 vun insgesamt 5 Matcher hunn se gewonnen. Weider esou.