1-1 an der Hallef Finale géint Volley GYM

1-1 steet et elo an der 1/2 Finale zwëschen dëm VC Mamer an der GYM. Daat heescht Entscheedung ween an Finale kënnt fällt den nächsten Samsden.

Eischten Finalist steet schons fest, an där aanerer 1/2 Finale huet den RSR Walfer sech géint Stengefort duerchgesaat.

En groussen Merci geet un Harmonie Mamer déi eis Dammen gëschter Owend mat Musèk op der Tribune ënnerstëtzt hunn, an fir eng MEEEEGA Stëmmung gesuergt hunn.